Sie sind hier

Dat gréngt Gewëssen am Schäfferot

Dat gréngt Gewëssen am Schäfferot

An der Biergerversammlung wou den neie geplangte Sportzenter virgestallt gouf hunn d‘Leit gefroot wou geparkt soll gi wann beim Roudemer alles verbaut gëtt. Doropshin huet eise grénge Schäffe gemengt: „ Do wär keen Extraparking virgesinn. Da missten d’Leit eben zu Fouss hir Kanner ofhuelen. Dëst wier méi gesond a méi Ëmweltfrëndlech.“

Fir den Owesmaart ass hien sech mat der Ëmweltkommissioun och eens ginn, dass deen Owend keng Plastiksbecheren oder Tellere benotzt solle ginn déi duerno direkt an d’Poubelle fléien. Dëst ass jo eng luewenswäert Initiativ, mee interessant wier et ze wësse wéi hien da mat de Sozialisten hirem wichtegsten Event am Joer eens gëtt: „dem Vintage cars“. Dëst ass jo nämlech en Treffe vun alen Autoe beim Roudemer. Do fueren deen Dag sëllechen Oldtimer an Youngtimer duerch eist Duerf a fuere sécher och ouni Kat an ouni Hybrid, verbrenne Bensin an belaaschten d‘Emwelt. Do huet hien sech sécher abruecht a senge Koalitiounspartner d’Levite gelies.

Do si mer eis bal sécher, an esou kann eise Buergermeeschter dëst Fest och an allen Zeitunge vum Land als deen Event ukënnegen,  Joer fir Joer.

Wat eng Duebelmoral: Waasser priedegen a Wäi saufen!