Sie sind hier

de Projet vun Wunnraum fir jonk Leit

Eis Gemengeféierung an de Projet vun Wunnraum fir jonk Leit

An enger vun de leschte Gemengerotssitzungen ass doriwwer Rieds gaange wou de Projet vun de Wunnenge fir eis jonk Awunner drun wier.

Mat enger gewëssener Zefriddenheet hunn mer matgedeelt kritt, dass de Projet géing ulafen. Den Entreprener wier iwwert eng ëffentlech Soumissioun erausgesicht an et stéing der Realisatioun vun dësem Projet näischt méi am Wee.

Et blouf nach d’Fro am Raum stoen, wien fir d’Sanéierung vum Terrain géing opkommen. Déi deemoleg CSV-DP Koalitioun hat ganz kloer ofgemaach, dass des Sue vun de betraffene Ministèren an der Gemeng géifen opbruecht ginn. Dat hat de jëtzege Schäfferot awer net esou verstanen. D‘Opositioun huet dem Schäfferot kloer ze verstoe ginn, dass et  net si kann, dass déi jonk Leit bezuele solle fir en Terrain ze sanéieren deen hinnen net emol gehéiert mee mat engem bail emphythéotique zougestane gëtt.

An der leschter Gemengerotssitzung  just virun de Feierdeeg huet de Schäfferot, dass hien dat nach eng Kéier nogekuckt hätt, an, dass si elo bereet wieren des Sanéirungskäschten als Gemeng ze droen nodeems den am Projet bedeelegte Ministèren hir zougestanen Deel verrechent wär.

Esou kann een och zesummen, Majoritéit an Oppositioun, eng gutt Politik maachen am Sënn vun eiser Gemeng an an dësem Fall eng gutt Politik fir déi jonk Bauhären.