Sie sind hier

De provisoresche Kulturzenter bei der aler Schmelz

Mir hunn net schlecht gestaunt wéi de Buergermeeschter säi Projet vun engem provisoresche Kulturzenter virgestallt huet. Vir d’éischt huet et geheescht dat géing en Festzelt ginn dat gelount géif ginn. Duerno war et eppes méi Festes wat net no Zelt géing ausgesinn. Et ass weder driwwer geschwat gi wéi grouss oder wéi kleng dëst géing ginn. Et ass och net gekläert ob dëst gelount oder villäicht kaaft gëtt. Och iwwert en Preis ass net geschwat ginn, an och net fir wéi laang esou en Provisorium geplangt ass. Wëll iwwert en Ersatz vum Roudemer gëtt emol gekuckt an nogeduecht. Elo gëtt hiren Aussoen no emol ofgerappt, esou séier wéi méiglech, spéitstens am September nom Dag um Weier soss kënnen se jo net ufänke mat bauen. Hei ginn dann Neel mat Käpp gemaach. Duerno gëtt villäicht  iwwert en Ersatz vum Roudemer nogeduecht  an et gëtt emol gekuckt. Des Virgoensweis versprécht villes.

Bis elo hunn d’Gemengeréit nach keng zefriddestellend Äntwerten op hir Froe kritt.

Et bleift villes ze klären. D’Veräiner déi dëse Provisorium notze solle wëssen net wéi vill Leit dobanne  Plaz hunn. Si kënnen also näischt Gréisseres plangen. Op der Plaz selwer, wann dann do en Zelt oder eng aner Struktur hinnstoe kennt, bleift och keng Plaz fir ze parken.

Do géing gekuckt gi fir eventuell eng Navette ze organiséieren an mat anere Parkméiglechkeeten ze kombinéieren. Do gëtt un de Park&ride op der Gare geduecht. Käschtepunkt fir de Bus? Keng Äntwert. Ökobilanz en Desaster.

Villäicht kënnen d’Leit, dann, wann si da Loscht sollten hunn, an engem méi oder wéineger kalen Zelt am Wanter oder an engem iwwerhëtzen Zelt am Summer hiren Owend ze verbréngen, jo zu Fouss dohinner pilgeren. Do missten dann déi Gréng zumindest zefridde sinn.

Ech fäerten awer ganz, dass dëst eng Enttäuschung fir d’Veräiner gëtt wann manner oder guer keng Leit op hir Veranstaltunge kommen.

Hei bleift nach Villes ze kucken oder villäicht besser ze decidéieren a villäicht och mat der Oppositioun ze schwätzen. Gutt Iddie ginn ëmmer gebraucht egal vu wéi enger Säit se kommen.

Denkt emol doriwwer no a kuckt net nëmmen.