Sie sind hier

Den neien Sportszentrum an eiser Gemeng

Den neien Sportszentrum an eiser Gemeng

An engem Artikel am Tageblatt hunn mer elo emol eng kéier ze liese kritt wéi eise Schäfferot plangt fir den neie Sportzentrum ze bauen. Et geet hei awer keng Rieds iwwert Geneemegungen oder wat dat eis als Steierzueler kaschte wäert.

Bei de Geneemegunge gëtt d’Oppositioun komplett am Onkloren gelooss. Wéi eng Autorisatiounen hunn se schoun ugefrot a wéi eng hunn se scho kritt a wéi eng brauchen se nach. Dëst ass nawell bedenklech, wann ee weess, dass déi nämlech Majoritéit Jore gebraucht huet fir d’Geneemegunge fir d‘Zone d’activité Zaro ze kréien an dobäi kee Schrëtt viru komm ass. Eréischt de Wiessel huet dëse Projet viru bruecht.  Wann se esou vir ginn, da rappe mer de Roudemer of a setzen de wéinege Parkraum zou an däerfen dann net ufänke mat baue well mer keng Geneemegungen hunn. Do bleift de provisoresche Centre culturel, sollt den dann opgeriicht ginn, éiweg provisoresch.

Iwwert den Preis deen dat ganzt kaschte wäert ass och nach net offiziell geschwat oder geschriwwe ginn. Do wäert de Steierzueler nach iwwerrascht ginn. Haut ass et jo üblech dass den Devis em en Villfaches iwwerschratt gëtt. Dat wäert nach eng batter Pëll ginn.

Do wäert deen een oder aneren Emprunt an den nächste Joren nach derbäi kommen. Dëst ass och iwwerraschend well déi haiteg Majoritéit huet jo emol behaapt dass Schwaarz-blo d’Gemeng géing ruinéieren an, dass d’pro Kapp Verschëldung enorm wier. En haitege Bilan wier nawell interessant em wéi vill des pro Kapp Verschëldung haut geklommen ass.

Mir kucken emol wou mer nach hikommen.