Sie sind hier

Den Yann Wünsch hält als grénge Schäffen op

Den Yann Wünsch hält als Schäffen op

Elo ass d’Kaz aus dem Sack.  Kuerz no der Koalitioun tëscht de Sozialisten an de Gréngen a mat der Ernennung vu Buergermeeschter a senge Schäffen ass esou en Gerücht schonns opgedaucht. De Yann wéilt op  jiddwer Fall nach studéiere goen. Do huet een sech schonns D’Fro gestallt ob hien en ganzt Mandat zur Verfügung stoe géif. Wëll no 5 Joer nach eng Kéier ufänke mat studéieren dat dierft schwéier ginn.

Wéi acceptéiert de Wieler, dee gréng gewielt huet, des Nouvelle? Dësen huet jo den éischtgewielten op der grénger Lëscht als Schäffen nominéiert an elo soll en mam Drëttgewielten zefridde sinn. Do haten se da villäicht op dat falscht Päerd gesat, oder besser gesot gëtt hei de Wielerwëllen net agehalen. 

Wëll jo awer och villes an der Gemeng gemunkelt gëtt kann een sech d’Fro stellen ob net villäicht aner Problemer dohannert stiechen. Ass de Koalitiounspartner villäicht guer kee Partner, mee villäicht en ze vill allmächtegen Dirigent, deen sech näischt soe léisst. Do kéint een da verstoen dass een dat net wéilt esou laang, also 5 Joer, mat maachen, an seng Zukunft opferen, vir näischt ze soen ze hunn an ëmmer nëmmen als Matleefer do ze stoen.

Dat misst eis jo dann Zukunft an eiser Gemeng weise wéi et dann déi nächst Jore viru geet oder eben net viru geet mat Rout&Gréng.

Ze bemierke bleift och nach, dass den neie Vertrieder vun deene Gréngen nei an ouni Erfarung an der Leedung vun enger Gemeng ass, an direkt an d‘kaalt Waasser vun der Schäfferotsaarbecht geheit gëtt.

Mir respektéieren dem Yann seng Decisioun déi jo vill Mutt verlaangt a mir wënschen him Alles Guddes fir säi Studium an deen Erfolleg deen hien sech erhofft an erschafft.

Och dem Yann sengem Nofolger wensche mir vill Courage fir säin neit Amt.