Sie sind hier

Eis Gemeng an de soziale Wunnengsbau

 An der leschter Informatiounsversammlung fir d’Bierger  huet de Buergermeeschter a säi Schäfferot hir Virstellung presentéiert vun der Ëmgestaltung vun Hoen. Do soll dann elo dat aalt Paschtoueschhaus ewechgerappt ginn an enger Residenz vu 4 bis 5 Wunnenge Platz maachen. Dës Wunnenge solle fir sozial méi schwaach Leit reservéiert sinn. D‘Gebäi vun der aller Schoul soll bestoe bleiwen an do solle Raimlechkeete fir Veräiner dran ageriicht ginn. De Schoulhaff soll zougebaut gi fir en Centre culturel ze schafen. An der Platz vum ale Pompjeesbau an engem Stéck vun der aktueller Spillplaz solle 4 bis 5 Reienhaiser gebaut ginn.

Sou gouf et emol virgestallt. Nodeems awer ee vun den Awunner gemengt huet dass déi Wunnengen awer géife stéiere war de Buergermeeschter direkt bereet des Wunnengen ze sträichen. En aneren Awunner huet zwar gemengt dass eis Gemeng awer sozial Wunnenge bräicht. Dësen Awand gouf einfach ignoréiert an d‘Wunnenge gestrach. Et géing een dann Eppes anescht do bauen. Dovunner ofgesinn, dass esouwuel deen ee wéi deen aneren Awunner wuel Recht kann hunn ware mir iwwerrascht vun dem schnelle Meenungswiessel  vun eisem Buergermeeschter a senger schons bal spontan wierkender Decisioun des Wunnengen dann direkt ze sträichen. Iwwerzeegung an Asaz fir de Wunnengsbau an am Besonneschen, de soziale Wunnengsbau, gesäit anescht aus. Mir hunn nach ni gesinn, dass  de Buergermeeschter a säi Schäfferot esou séier iwwerzeegt waren an et net emol geheescht huet „mir kucken emol“.