Sie sind hier

Etüden iwwert Etüden

Des läscht sinn am  Gemengerot  zwou Machbarkeetsstudien an Optrag gaangen. Eng fir dem Fussball seng Vestiairen ze renovéieren. Do wier et mat engem normalen Devis duergaangen, wëll mir wësse jo, dass dës Renovéierung gemaach muss  ginn. Firwat also eng Machbarkeetsstudie bestelle fir +- 10.000€.

Dat nämmlecht gëllt fir d‘Tennishaal an d’baussen Terrainen. Hei kascht et 15.000 € just fir dass en bureau d’étude eis seet do wier eng Renovéierung néideg an och machbar. Wann esou Etüden net esou vill Sue géinge kaschte wier et jo schonns bal lächerlech.

Mir wësse jo, dass esou Etüden eng ganz Rei Oplëschtunge mécht iwwert déi bestoend Situatioun, fir dann zum Schluss ze kommen, dass Eppes gemaach muss ginn. Dëst awer net mat konkrete Projet’en  mee mat Visiounen. Als Fortsetzung vun dësen Etüde kënnt dann eréischt d’Ausschaffe vu konkrete Moossname mat Plangen a mat Käschtevirschléi. An eis Verantwortlech aus der Majoritéit fannen des Virgoensweis ganz normal. An dëse Fäll wou vu vireran gewosst ass wat muss gemaach ginn. Mir froen eis wat de Sënn an Zweck vun dëser Virgoensweis ass.

 Fir eis ass et net verwonnerlech,  dass si net drun interesséiert sinn, dass d’Leit aus der Gemeng dëse Schwaachsënn an des Verschwendung och nach an engem Gemengebuet liese kënnen. Do spillen si just mat roude Kräizer a grénge Vau’en.

X V

Dat nennen si dann Transparenz an Offenheet mam Awunner. Esou eng Leit sinn an de leschte Wahlkampf gezu mat Slogan’en dass Schwaarz-Blo eis Gemeng géing an de Ruin dreiwen an, dass d’Pro kapp Verschëldung enorm zougeholl hätt.

Mir erlaben eis d’Fro ze stellen, wou der jëtzeger Majoritéit hir Virgoensweis d’Gemengefinanzen hi féiert.

Soll een do kräischen oder sech iergere bei esou vill Onverschimmtheet.