Sie sind hier

Fléckaarbechten an eiser Gemeng

No laange Reklamatiounen am Gemengerot vun eisem Vertrieder fir emol längst fälleg Reparaturen um Trottoir bei der Post ze maachen huet sech elo endlech Eppes gemaach. Den Entreprener huet de ganze Pawee frësch geluecht. Elo kann een emol nees anstänneg um Trottoir laanscht an an d’Post goen. Ech wëll net wësse wéi vill Leit vum leschte Joer un iwwert dësen desolate Belag gefall sinn an dëse verflucht hunn. Méintelaang ass hei näischt geschitt. Eréischt no ville Reklamatiounen am Gemengerot huet dann een sech erbaarmt an des Reparaturen an Optrag ginn, esou, dass den Entreprener seng Aarbecht konnt maachen.

Dat nämmlecht war et an der rue de la Carrière. Hei waren et Kanaldeckelen déi ofgesackt waren. Hei konnt zwar kee Foussgänger sech direkt wéi doen, mee hei waren et d’Autofuerer déi all kéiers geflucht hunn wann se esou en déif leienden Deckel erwëscht hunn. Do huet ee geduecht de ganzen Auto géing a Stecker falen esou huet et gekraacht. Mee och hei ass eréischt no sëlleche Reklamatiounen  endlech eppes geschitt. Den Entreprener huet och dëst  gefleckt.

Wann eis Gemengeféierung hir Dossieren ëmmer esou séier erleedegt, iwwer 3 Méint hunn se gebraucht fir zwou kleng Reparaturen, da stellen ech mer awer Froe wéi laang mer op den neie Sportzenter musse waarden. Do ass eisen Awunner och net gehollef wann eisen Buergermeeschter téint si géifen Neel mat Käpp maachen. Dat wäerten dann awer zolitter ginn. An dat wäert dann och etlech Jore schleefe bis Eppes geschitt.