Sie sind hier

Meng Meenung

Ech hunn déi Plange flott fonnt, déi den 3. Abrëll an der aler Schmelz presentéiert goufen déi nei Sportinfrastruktur betreffend, mee do bleiwen nach vill Ongewëssheeten. Do ginn et wahrscheinlech nach vill Schwieregkeete fir dat ze realiséieren.

En ale Stengeforter huet mer emol gesot, dass op der Parkplaz an ¨nnert dem Weier  ganz fréier mol en Tipp war. Wann dat esou ass, da wäert dat den éischte Problem ginn.

Den zweete Problem, Hei verschwanne wärend der Bauzäit bal sämtlech  Parkplazen. Wouhi mat deene 40 bis 60 Autoen déi all Dag do stinn.

Drëtte Problem, wann ech fir d’éischt vir opriichten, da ginn et deck Schwieregkeete fir hannen ofzerappen.

Véierte Problem, den ënnerierdesche Parking; do wäert wahrscheinlech d'Waasserwirtschaftsamt drënner eng Cuve verlaangen fir ze verhënneren, dass Ueleg Bensin oder Mazout vun de Gefierer an d’Grondwaasser an an d’Aisch sickere kënnen. Dat mécht d'Bauzäit net nëmmen e gutt Stéck méi laang, mee och de Preis e gutt Stéck méi deier.

Fënnefte Problem, eng Fäerdegstellung gouf fir 2022 vum Buergermeeschter gesot, mee all Etüden, Plangen an Autorisatioune wäerte scho bis 2021 dauere wann alles gutt geet, an esou séier wäert keng Firma baue fir an engem Joer fäerdeg ze sinn.

Wat mech awer dunn zum Schluss enttäuscht huet war, wéi de Buergermeeschter gesot huet de Fussball an den Tennis géifen op hirer Platz bleiwen an do géing alles an d'Rei gesat ginn. Wat a wéini ? Keng Ausso. Wahrscheinlech eréischt wann de Sportzenter fäerdeg ass, dat heescht virun 2024/2025 wäert do näischt geschéien.