Sie sind hier

Zone artisanale Zaro West

Wann een  an der lescht iwwert Klengbetten op Grass fiert, da  kann een emol kucken a staune wat do fir eng interessant Aktivitéitszone entsteet. Déi éischt Betriber si schonns fäerdeg an am gaangen op hirem neie Site ze schaffen. Anerer hunn just eréischt ugefaange mat Bauen, anerer sinn eréischt am gaangen ze plangen.

Do gesäit een dass déi viregt Koalitioun och Neel mat Käpp konnt maachen, an net nëmmen d’Suen zur Fënster eraus geworf huet. Ech denken déi Betriber déi sech elo do nidderloosse sinn hinnen dankbar, dass dëse Projet viru gedriwwe ginn ass.

Si hunn dat net gemaach  wéi de roude Schäfferot  virdrun. Do ass Joren iwwert eng Aktivitéitszone geschwat ginn. Geschitt ass awer esou gutt ewéi näischt.

Eréischt wéi an der Gemeng emol en frësche Wand geblosen huet, ass och Wand an de Seegel komm vum Zaro, an d’Resultat kann sech weisen. Nach gëtt gebaut a geplangt. Mir sinn emol op déi nei Betriber gespaant. Domadder mussen nei Betriber net méi tëscht de Wunnhaiser entstoen an den Awunner Problemer maachen.

Dëst ass en grousse Plus fir d’Wunn a Liewesqualitéit an eiser Gemeng.