Sie sind hier

Ëmweltschutz a Gemengesubsiden

Et ass allgemeng gewosst, dass bei de Subside fir Aktiounen an Uschafungen am Ëmweltberäich sech an de leschte Joer munches geännert huet. Et sinn eng ganz Rei Elementer verschwonnen oder duerch Neier ersat ginn. D’Klassifizéierung bei Energieeffizienten a spuersamen Haushaltsgeräter  wéi Geschierspullmaschinen, Wäschmaschinnen, Frigoen an Déifkiller, Televisiounen a Monitoren. Hei ass d’Klassifizéierung zënter dem 1. Mäerz 2021vun A++ an A+++ duerch méi verständlecher ersat ginn. Och ass bei den staatlech Subventionéierte Saache Villes ugepasst ginn, wéi zum Beispill Elektrovëloen an Autoen.

Eist Gemengereglement an dësem Beräich ass fir d’läscht de 6. November 2014 ugepasst ginn an ass dofir net méi aktuel an onkomplett.

Eise Vertrieder am Gemengerot, de Conseiller Daniel Frieden, huet schonn des Ëfteren, am Verlaf vun ëffentleche Gemengerotssëtzungen, dorop higewisen. Mee eise rout/grénge Schäfferot schéint dat net fir sech ze huelen. Hei gëtt versicht mat vill waarm Loft vun dem Thema ewech ze kommen getrei dem Motto „Mir kucken emol“.

Wa mir eis Awunner motivéiere an iwwerzeege wëllen  bei Energiespuermesuren an Aktiounen zur Verbesserung vum Klima matzemaachen, geet dat an engem gewësse Moos iwwert eis Subsidenpolitik an dësem Beräich.

 

DP Sektioun