Sie sind hier
D’ëffentlech Informatiounsversammlung iwwert den PAG vun eiser Gemeng

An der ëffentlecher Informatiounsversammlung iwwert de PAG huet eisen deemolege Buergermeeschter nawell mat en puer Aussoen iwwerrascht. Ech weess net op et iech opgefall war, mee hien huet iwwer zukünfteg Projet’en geschwat. Hei ass Rieds gaange vun enger neier Schoul, vun engem neie Centre culturel an esouguer vun enger Emgeehungsstrooss vu Stengefort.
Mat all deene grousse Projet’en huet en zumindest eis emol iwwerrascht. Dëst well esou Projet’en jo vun eis scho méi laang ugeschwat gi sinn. Mir kruten awer ëmmer vun der Majoritéit (LSAP – Déi Gréng) eng Ofso, mat der Begrënnung et wier alles an der Rei. Dëst schéint jo dann awer net esou ze sinn. Mir hunn als Oppositioun schonn dës Ëfteren drop higewisen, dass mir eng nei Schoul bräichten. Elo op eng Kéier soll eng Etude gemaach ginn. Mir hunn och drop higewisen, dass wann de Roudemer ofgerappt gëtt, et net duer geet fir en Zelt ze lounen op onbestëmmten Zäit. Do brauch een en neie Centre culturel. Dat ass eigentlech keng Iwwerraschung mee, dass hien dëst an enger ëffentlecher Sëtzung virstellt an net emol mam Gemengerot heiriwwer geschwat huet ass dann awer och iwwerraschend.
Dann bleift nach iwwert eng Emgeehungsstrooss vu Stengefort ze schwätzen.
Hei si mer méi wéi baff. Mir haten dat schonns méi wéi eng kéier ugeschwat esouguer hate mer et an eise leschte Walprogrammer dran. Mee och do si mer ëmmer ofgewise gi mam Argument do wiere schonns eng Unzuel vun Ufroe vu Gemengen um Ministère. Do bräichte mir net eng wieder ze sinn. Soss krute mir keng Äntwert a kee Wëlle gewisen, dass si Eppes ännere wéilten.
Do bleiwe mer elo awer gespaant ob dës Projet’en dann elo weider ginn oder ob et nëmmen eng verfréite Walpropaganda war!
Bleift nach eng Bemierkung zu der Info-Versammlung selwer. Hei sinn d’Nolauschterer mat enger Onmass vun Informatiounen iwwert d’Prozeduren iwwerschwemmt ginn A dat mat villen Ofkierzungen an techneschen Termen déi deene meeschte Leit näischt gesot hunn. Inhaltlech zu den Ännerungen an den domat verbonnenen Oplage sinn d’Nolauschterer net vill gewuer ginn. Och vun de Visioune vum Schäfferot wéi d’zukünfteg Entwécklung vun eiser Gemeng konkret soll ausgesi war net vill gewuer ze ginn.
Vill Leit sinn enttäuscht Heem gaangen.
JM