Sie sind hier

De Gemengerot a seng Rapporten

An der leschter Gemengerotssëtzung vum 11. Juni 2020, wéi schonn an der Sitzung virdrun, hunn ech bemängelt, dass de Gemengerot keng Rapporte méi zur Ofstëmmung virgeluecht kritt huet. De leschte Rapport iwwert de mir ofgestëmmt hunn ass de vun der Sëtzung vum 18. Juli 2019.

Dat heescht am Kloertext, dass vum Rout-Grénge Schäfferot vun de 65 Sëtzungen aus dem Joer 2019 a vu 4 Sëtzunge vun 2020 kee Rapport méi dem Gemengerot zur Ofstëmmung virgeluecht ginn ass.

Op meng Kritik hin, huet Dëst de Buergermeeschter zum laache bruecht, an e gëtt mir, wann och net gär Recht. Hien fënnt och dass dat net an der Réi ass. Mee dobäi bleift et wuel. Loosse mir emol op déi nächst Gemengerotssëtzung waarden a kucken op do déi verschidde Rapporte virgeluecht ginn.

Et gëtt drop verwisen, dass een um Internetsite vun der Gemeng d’Opname vun de verschiddene Sëtzunge kann oflauschteren. Am Gemengebuet fënnt een, en méi wéi elementare Resumé vun de Gemengerotssëtzungen.

Mee dat Dokument, dat faisant foi ass, de geschriwwenen an ofgestëmmte Gemengerotsbericht, esou wéi en och am Gesetz verankert ass, bléift se dem Gemengerot, schëlleg. Déi Lsap-Gréng Majoritéit déi esou vill Wäert op Transparenz leet an op Informatioun, hält sech schlicht net déi virgeschriwwe Prozeduren.

Ech kann net novollzéie wat eis Majoritéit mat dëser Virgoensweis erreeche wëll, do kann ee jo nëmme soen: „Honi soit, qui mal y pense“

Dan Frieden

Gemengerot