Sie sind hier
Den Dilemma mat Säll fir eis Veräiner

Ëmmer erëm héiere mir vun de Veräiner, dass mer an eiser Gemeng en Probleem mat der Disponibilitéit vun eise Gemengesäll fir eis Veräiner hunn.
Et sinn eng Partie Säll vun de Veräiner all Woch fir hir Aktivitéite fest blockéiert. All Veräin den net iwwert esou e feste Sall verfügt huet dann e Problem wann en Eppes organiséiere wëll. Do mussen dann d’Leit vum Service hin an hier jongléiere mat de Veräiner fir si esou vill wéi méiglech zefridden ze stellen. Dat ass net ëmmer einfach, a wann et net klappt kritt natierlech de Service dëst auszebueden. Sie sinn dofir net ze beneiden.
E Liichtbléck gouf et do bei der Virstellung vum Budget fir d’Joer 2022. Hei ass virgesinn, dass verschidde Raimlechkeeten an der aller Schoul zu Stengefort solle frësch gemaach a reaffektéiert ginn. Bis elo ass et ëmmer erëm de Fall gewiescht, dass den een oder anere Sall zou gemaach ginn ass ouni en valabelen Ersatz ubidden ze kënnen.
Mee, bis zur Ëmsetzung vun dësem Projet wäerten nees provisoresch Léisunge komme.
Kucke mer emol wéi dat ausgeet.
Armand Lanners