Sie sind hier

Eis Generalversammlung 2021

D'Generalversammlung vun eiser Sektioun Stengefort, Hoen, Klengbetten a Grass hu mir dëst Joer, wéinst Corona, digital iwwer Zoom ofgehalen.

Mir ware frou nieft eise Memberen och Vertrieder vum Südbezierk, aner Bezierker an Nopeschsektioune begréissen ze kënnen.

Et war eng gutt Generalversammlung, leider huet nom administrativen Deel  de soziale Kontakt mat de Leit gefeelt.

Mee mir bleiwen zouversiichtlech, dass mir déi nächst Versammlung erëm wéi gewinnt ofhale kënnen.