Sie sind hier
En gudden Rotschlag
Dir hutt et sécher schonns an der leschter Woch gemierkt. Wann dir tëscht 16.00 an 19.00 Auer op der Letzebuergerstrooss ënnerwee sidd, oder besser gesot net ënnerwee sidd, da wësst der vu wat mir schwätzen. Do geet am Verkéier näischt méi. Do dréit sech bal kee Rad méi.
Do ass et gutt méiglech dass der 15 bis 20 Minutte braucht fir vun der Bensinstatioun am Agang vu Stengefort bis op d’Kräizung mat de Luuchten ze kommen.
Vun den Niewestroosse brauche mer net ze schwätze well d’Autofuerer am Stau si clever genuch fir Schläichweeër ze fannen, dat heescht dass vill Autofuerer d’Woetzköllchen eroffuere fir dann am Kärcherwee bei der Post nees op d’Haaptstrooss ze kommen. Anerer fueren iwwer Hoen zerëck op Stengefort a stauen dann op der Kräizung tëscht dem Klengbettener Wee an der Aarelerstrooss Zum Nodeel vun eisen Awunner déi jo bal alleguer an enger Wunnzon wunnen. Déi kréien de volle Verkéier of.
Net, dass mir net drop higewisen hätten. mee wéi esou oft lauschtert jo kee vun der Majoritéit no a sie gleewen et eréischt wann d’Kand schonns am Pëtz läit.
Duerch deen neie Parking hannert dem Oswald deen eigentlech vir d’Léierpersonal an d’Leit aus der Maison relais geduecht ass, geet elo op der Kräizung näischt méi. Hei ass d’Ausfaart vun dësem Parking esou onglécklech gewielt dass ab 16.00 Auer wann d’Schoul bis aus ass, jidderee vun dësem Parking erof fiert. Des zousätzlech Phase bréngt et mat sech dass an der Letzebuergerstrooss, an der Habschterstrooss an och an der Arelerstrooss d’Auto’en stauen. Am normalen ass emol heiansdo en Auto vun dësem Parking erof gefuer. Dat ass elo anescht.
Eise Vertrieder am Gemengerot huet méi wéi eng kéier drop higewisen dass do en Probleem géing entstoen. Mee nogelauschtert huet awer keen.
Eenzel geploten Awunner hu schonns gemengt dass deejéinege wou des Luuchten ëmgestallt huet, keng Anung vum Verkéier hätt.
Et wier esou einfach de Verkéier vum Parking erof do eraus ze loosse wou en och era fiert. Dëst hätt keng Awierkungen op den Rescht vum Verkéier.
Mee mir sinn emol gespaant ob a bis wéini sech hei eppes ännert, oder kucken mer emol a sëtzen den Probleem aus a waarde bis sech eppes vum selwen ännert.
De Rol