Sie sind hier
En laang iwwerfällegen Ënnerdag fir eisen Techneschen Déngscht

De Budget vum Joer 2020 huet en Kredit vun 1,5 Milliounen Euro fir d’Schaffe vun engem funktionellen Ënnerdag fir eisen techneschen Déngscht virgesinn.
Bei den Diskussiounen zum deemolege Budget huet de Buergermeeschter a seng Schäffe behaapt, si hätte Gespréicher mat engem Bauhär fir den néidegen Ënnerdag ze schafen. Dës Gespréicher sollte kuerz virun hirem Ofschloss stoe mee si kéinte fir de Moment nach keng Detailer doriwwer ginn.
Ëmsou méi erstaunt ware mir wou mir hunn misste feststellen, dass de Budget 2020 keng Ausgab fir dëse Projet zeréckbehalen hat an, dass de Budget 2021 nëmme symbolesch 500 Euro virgesäit. Et schéint also an dënne Gespréicher awer nach näischt Konkretes eraus komm ze sinn.
Op d’Fro firwat dat esou wär huet de Buergermeeschter gemengt, dass ee bei dësem Projet d‘Instruktioune vum Inneminister fir ze spueren an de Budget op déi noutwendeg Projeten ze reduzéiere Rechnung gedroen hätt.
Dëst schéint den eenzege gréissere Projet ze si wou gespuert soll ginn. Fir eis gëtt do op der falscher Plaz gespuert, nämlech um Bockel vun eise Gemengenaarbechter.
Mir erwaarden eis vun hinnen eng gutt an effizient Aarbecht. Fir dat ze erreeche muss d’Gemeng hinnen dann och déi néideg an funktionell Aarbechtsbedéngunge schafen, an net beim klengste Wandstouss dëse Projet erëm fale loossen. Maache mir eis näischt fir, wann de Projet fir 2021 mat esou schäinhellegen Ausriede fale gelooss gëtt, dann hëlt eis jëtzeg LSAP/déi Gréng Majoritéit en och net méi esou séier op de Leescht.
Et brauch en sech net ze wonneren, dass wann de Schäfferot seng Aarbechter duerch esou Aktiounen (vill verspriechen an dann alles ofsoen) vun uewenerof demotivéiert, en groussen Deel vun hirem gudde Wëlle verschwënnt.
Et kann och net sinn, dass de Schäfferot als Argument hellt: „Et ass jo bis elo esou gaangen, da geet et och weiderhin esou“.
De Comité vun der Dp Sektioun