Sie sind hier
En weideren Provisorium

Dir hutt jo sécher an de leschte Wochen d’Aarbechte bemierkt déi beim Spidol zu Stengefort ugefaangen hunn. Hei soll Plaz geschaaft ginn fir dass d’Stengeforter Spidol (HIS) déi zéng Better déi him am Spidolsplang zougestane gi sinn och notze kann.
Dës Virgoensweis ass jo luewenswäert a sënnvoll.
Ze bemierke bleift just, dass et schéint, dass eis Gemengeverantwortlech nees den Uschloss verschlof hunn.
Déi viregt Majoritéit hat schonns virgesi fir d’Spidol ze erneieren an den Standard‘en vun haut unzepassen dat sollt duerch e kompletten Neibau um Parking an op der Platz vun der Pompjeeskasär geschéien. Dëst wier e déi besser a warscheinlech och méi gënschteg Variant gewiescht. Dofir waren si schonns op der Sich fir de jëtzege Pompjeesbau op där Plaz ewech ze huelen an op enger fräier Plaz dann nei ze bauen.
Wat ass an dësem Sënn zanter dem Wiessel un der Spëtzt vun eiser Gemeng geschitt?
Scheinbar Näischt, guer a glat näischt. Hallefhäerzeg huet eis Lsap/Gréng Majoritéit sech drop beschränkt fir emol no engem neie Site ze kucken. Hei vermësst en den néidegen Engagement fir esou e Projet an Ugrëff ze huelen. Déi vill versprachen Neel mat Käpp hunn si och net gemaach.
D’Resultat ass dat wat mer elo hunn. Mir hunn 10 Better zougestane kritt a mir hu keng Plaz fir des Better. Also wat maache mer?
Ma en Provisorium wéi och scho mam Centre culturel an mat esou villen anere Provisorien an eiser Gemeng. Dëst kascht eis Awunner vill Geld a meeschtens och duebel esouvill Gedold. Wëll nom Provisorium muss jo ëmmer nach Eppes Definitives kommen oder leie mir do falsch.
An en neie Site fir eise Pompjeesbau ass nach ëmmer net fonnt.
Elo kann een soen den HIS ass net d’Gemeng mee d’Gemeng ass mat grousser Majoritéit dru bedeelegt.
JM