Sie sind hier

Meng Menong

Dir hutt et sécher schonns an der leschter Woch gemierkt. Wann dir tëscht 16.00 an 19.00 Auer op der Lêtzebuergerstrooss  ënnerwee  sidd, oder besser gesot net ënnerwee sidd, da wësst der vu wat mir schwätzen. Do geet am Verkéier näischt méi. Do dréit sech bal kee Rad méi.

Do ass et gutt méiglech dass der 15 bis 20 Minutte braucht fir vun der Bensinstatioun am Agang vu Stengefort bis op d’Kräizung mat de Luuchten ze kommen.

Vun den Niewestroosse brauche mer net ze schwätze well d’Autofuerer am Stau si clever genuch fir Schläichweeër ze fannen, dat heescht dass vill Autofuerer d’Woetzköllchen eroffuere fir dann am Kärcherwee bei der Post nees op d’Haaptstrooss ze kommen. Anerer fueren iwwer Hoen zeréck op Stengefort a stauen dann op der Kräizung tëscht dem Klengbettener Wee an der Aarelerstrooss  Zum Nodeel vun eisen Awunner déi jo bal alleguer an enger Wunnzon wunnen. Déi kréien de volle Verkéier of.

Net, dass mir net drop higewisen hätten. mee wéi esou oft lauschtert jo kee vun der Majoritéit no a si gleewen et eréischt wann d’Kand schonns am Pëtz läit.

Duerch deen neie Parking hannert dem Oswald deen eigentlech vir d’Léierpersonal  an d’Leit aus der Maison relais geduecht ass, .(Woufir däerf en dann mat Disk nëmmen 2 Stonne parken?), geet elo op der Kräizung näischt méi. Hei ass d’Ausfaart vun dësem Parking esou onglécklech gewielt dass ab 16.00 Auer wann d’Schoul bis aus ass,  jidderee vun dësem Parking erof fiert. Des zousätzlech Phase bréngt et mat sech dass an der Lëtzebuergerstrooss, an der Habschterstrooss an och an der Arelerstrooss d’Auto’en stauen. Am normalen ass emol heiansdo en Auto vun dësem Parking erof gefuer. Dat ass elo anescht.

Eise Vertrieder am Gemengerot huet méi wéi eng kéier drop higewisen dass do en Probleem géing entstoen. Mee nogelauschtert huet awer keen.

Ech proposéieren, d’Luuchten all mat Radar ze equipéieren (Foussgängerluuchten hu jo elo schonn den Dréckknapp) fir dass et z.B. net annerhallef Minutt op der Habschter Strooss gréng gëtt wann nëmmen een Auto do ass a Foussgänger gréng kréien och wa kee gedréckt huet. Mir sinn emol gespaant ob a bis wéini sech eppes ännert oder ? mir kucken emol, seet de Buergermeeschter ëmmer.

De Rol