Sie sind hier

Provisorium iwwer Provisorium

An enger vun de leschte Gemengerotssitzunge si mer nawell zimmlech iwwerrascht gi vun eisen zwou Majoritéitsparteien. Elo wëllen se en weidere Provisorium schafen. Rieds geet hei em en provisoresche Parking.

Dëst ass dann nees en weidere provisoresche Projet deen eis als Steierzueler d’Aen aus dem Kapp wäert kaschten. En provisoresche Centre culturel dee wärend en puer Joer soll bei der aler Schmelz opgeriicht ginn, ouni Parkplazen. Eng Schwemm an eng Sportshal, ouni Parkplazen. Dono hunn mer eng Maison relais, och ouni Parkplazen. Eng provisoresch Renovéierung vum Foussballterrain, eng provisoresch Renovéierung vun der Tennishal. Dat ganzt ouni sech Gedanken iwwert Nofolgekäschten (Betribskäschten, Ënnerhalt, Botzen etc) ze maachen.

Wat en Opwand mat Problemer déi mer net néideg haten. Déi viregt Majoritéit huet net fir näischt d’Optioun geholl gehat fir en neie Projet mat Schwemm an Sportshal op enger neier Plaz ze bauen. Do wieren déi Problemer net gewiescht. Wann se dëse bal fäerdege Projet weider verfollegt hätten da kéinte mer elo schonns bal déi nei Infrastrukturen aweien.

Aner Projeten vun der viregter Majoritéit si jo och weider realiséiert ginn, fir se duerno och mat hirem Brimborium anzeweien.

Mee dat ass awer och positiv a gutt esou, well soss hätte mer warscheinlech eng provisoresch Villa Collart, eng provisoresch Vergréisserung vun der Maison relais, eng provisoresch nei Kläranlag, en provisoresche soziale Wunnengsbau.

Wou sinn dann hir Nei Projet’en drun. Et gouf geschwat iwwert d’rue de la Montagne zu Klengbetten. Geschitt ass näischt. Et gouf iwwert d’Infrastrukturen an der Cité Herrenfeld geschwat. Geschitt ass bis haut näischt.

 Gutt, dass si sech hannert Corona & Co. verstoppe kënnen an deenen d’Schold un dem Stëllstand kënne ginn.

Am Sënn vun der vill versprachener Transparenz waarden déi betraffe Leit an d’Bierger aus der Gemeng fir gewuer ze gi wéi, wéini, wou wat dann an nächster Zäit geschéie soll.

J. M.