Sie sind hier
Trottoiren an eiser Gemeng

An der lescht gesäit een, dass d’Gemengenaarbechter nawell beméit si fir eis Trottoiren an der Gemeng vu Blieder ze botzen. Dëst ass awer och batter néideg wann een nämlech déi frësch gebotzte Weeër kuckt. Déi sinn an engem lamentabelen Zoustand. Vun Lächer Längsrillen an Verwerfunge fënnt een do alles wat engem hëlleft fir ëmzeknécksen an sech ze blesséieren. Wann dann och nach Blieder drop leie gesäit een dëse schlechten Zoustand net an et ass nach méi séier eppes geschitt.
Eise Vertrieder am Gemengerot huet schonns méi wéi eng kéier op des Problemer higewisen. Geschitt ass awer näischt. Déi eng wollten näischt héiere vun dëse Problemer an déi aner hu gesot se géingen emol kucken. Muss da wierklech een sech Hals a Been brieche bis ee gewëllt ass do Eppes ze maachen.
JM