Sie sind hier
Vëlosweeër an douce Mobilitéit.

D’LSAP/Déi Gréng Majoritéit ass op der Sich fir eng Léisung fir eis verschidden Uertschaften iwwert de Wee vun doucer Mobilitéit a mat Vëlosweeër ze verbannen. Dofir ginn si dëst Joer eng Etüd an Optrag.
D'Gemeng Arel ass op si duer komm fir eng Vëlospiste vun Arel iwwer Sterpenich laanscht d’Eisebunn bis op Klengbetten ze maachen. Dëst ass e Projet den en am Prinzip nëmme begréisse kann.
En anere Projet, den och scho vun hire Virgänger ugaange ginn ass, ass eng Vëlosverbindung vu Klengbetten op Grass. Hei ass de Projet un enger Rei Proprietäre gescheitert, déi de benéidegten Terrain net wollte verkafen oder verpachten. Éischten Aussoe vun dem jëtzege Schäfferot schéint do och weider hin sech näischt geännert ze hunn.
Bleift also nach Vernetzung vu Klengbetten, Hoen a Stengefort.
Hei hat d’CSV/DP Majoritéit senger Zäit scho mam Mobilitéits an Infrastrukturminister no enger Léisung gesicht. Déi ass fonnt ginn an dem en déi national Vëlospiste vun den dräi Brécken erfort op den Tracé vun der aler Attertlinn tëschent Klengbetten iwwert Hoener Gare laanscht Stengeforter Gare bis bei de Mirador an de Kloterpark féiert. Den Uschloss vun der Klengbettener Gare op den Tracé vun der Attertlinn ass schonn iwwert de bestoende Feldwee gemaach. Dëse Wee kéint esou gutt fir Vëloen wéi och fir Foussgänger benotzt ginn.
Op déi verschidden Interventioune vum leschte Schäfferot ass dunn den Tracé vun der Attertlinn aus dem "Fonds du rail" an de "Fonds des routes" eriwwergeluegt ginn. Esou huet d’Ponts et Chaussées, déi zoustänneg si fir déi national Vëlospisten d’Méiglechkeet kritt fir dës Aarbechten ze maachen. Leider war et dem leschte Schäfferot net méi méiglech op d’Ëmsetzung vun dësem Projet ze pochen.
De jëtzege Schäfferot léisst do léiwer Gottes Waasser iwwert Gottes Land lafe wéi sech opzerappen a bei den zoustännege Ministèren a Verwaltungen Drock ze maachen.
Si sëtze léiwer Kreditter fir deier Etüden an de Budget fir duerno villäicht op dat selwecht Resultat ze kommen. Mee da brauche mer awer net zou ze ginn, dass dëse Projet vun anere schonns ugaange gi war.
Dp Sektioun Stengefort