Sie sind hier

Zum Thema Transparenz

„Transparenz“, dat Wuert kënnt aus dem Laténgeschen an heescht „oppen“, „duerchlässeg“, „ kloer“ an ouni eppes wëllen ze verstoppen. Dëst sief kuerz ernimmt  fir der Majoritéit dëst Wuert emol eng kéier ze erklären. Sie benotzen et jo nawell gären a bei all Geleeënheet. Mee wéi et schéint wëssen se net esou richteg wat et heescht.

Wéi kann een sech et soss erklären, dass de Gemengerot net iwwert  d’Aarbechten an d‘Käschten am viraus an d’Bild gesat gouf, wat de provisoresche Centre culturel dann elo eis Gemeng kaschte wäert. Iwwerrascht waren d’Membere vum Gemengerot, a mir denken och eis Awunner, dass de Parking bei der aler Schmelz an d’Rei gesat gouf. Hei huet eng Firma Infrastrukturaarbechten (Waasserleitungen, Elektresch, Kanäl asw.) an Asphaltaarbechte gemaach an domadder eng zimmlech grouss Fläch versigelt.

Dës Versigelung iwwerrascht ëmsou méi, wëll mir en éischte Schäffen aus der grénger Partei hunn. Iwwerall ass bis elo versicht gi fir eise Parkraum mat Waasserduerchlässegem Material unzeleeën (Parkplaz hannert der Gemeng an et ass och geplangt op dem Parkplaz hannert der aller Seeërei am Zentrum vu Stengefort esou ee Material ze verschaffen). Mir si schliisslech eng Klimabündnisgemeng a mir hunn en Klimateam, dat bei all Geleeënheet gefuerdert gëtt fir Moossnamen ze siche wéi mir eisen Deel zur Klimaverbesserung bei droe kënnen. Mee hei gëtt direkt en risegen Areal fir Parkplazen zougoudronéiert.

Eng Gemeng mat engem rout-grénge Schäfferot duerf dat ganz am Sënn vun der Nohaltegkeet.

 

Duerno huet eng aner Firma en Zelt opgeriicht. A vun elo un weess dann och de Gemengerot, dass des Aarbechten hei alleguer fir de provisoresche Kulturzenter sinn.

A jo iwwert de Preis huet ons transparent Majoritéit de Gemengerot nach net informéiert, geschweig dann en Devis stëmme gelooss.

 

Eng aner Anekdot zum Thema Transparenz: Vun der Oppositioun war keen doriwwer informéiert ginn, dass an der leschter Woch eis Gemeng zwee Minister’en zu Besuch hat. D’Majoritéit wousst Bescheed, dat huet een op de Foto’en gesinn. Op dës Manéier kann en d’Oppositioun iwwergoen an aus der Aktualitéit eraushalen.

Wann dat keng Transparenz ass. De Gemengerot muss seng Informatiounen aus der Press kréien zumindest den Deel vun der Oppositioun.

An esou Leit vun der Majoritéit trieden hiert Mandat un mat dem Slogan vun der Transparenz. Wann et net esou jämmerlech an Eescht wier kéint een doriwwer laachen. 

DF